Concerto d’Inverno an der Aler Kiirch zu Dikrich

Virun de Chrëschtfeierdeeg hat de Conservatoire du Nord an der Aler Kiirch zu Dikrich e Concert fir Sträichinstrumenter organiséiert . Agelaut gouf dëse « Concerto d’Inverno » vum Ensemble à cordes débutants vum CDN mat Stécker vu Robert Ramskill an Edward Huws Jones . Zwee Sträichquartetter mat Oceana an Olympia Kaell , Vera Théato , Isabelle Kruithof , Renée Wirth , Stéphane Schmalen , a mat an  ënner der Leedung vum Moritz Reutlinger , hunn duerno Wierker vun Alexander Borodin , Giacomo Puccini a Joseph Haydn opgefouert . De Cercle Symphonique Diekirch , dee gradsou wéi den Ufängerensembel vum CMNord ënner der Leedung vum Joachim Kruithof stoung , huet am drëtten Deel vun dësem Concert drei kuerz Stécker vum Pierre Max Dubois « Du Petit Age au Moyen Age » , zwee Deeler vum Concerto in G-Dur vum Georg Philip Telemann mam Marie-Lou Clonan als Solistin an den Allegro vum Konzert für Cembalo BWV 1052 vum Johann Sebastian Bach mam Robert Depta un der Uergel gespillt . Den Ofschloss vum Concert hunn déi iwwer drësseg Musiker mat Six Écossaises vum Franz Schubert gemaach. (Foto : Fränk Henkes)