Dikrich : Een Cäciliendag mol anescht wéi gewinnt

Een Cäciliendag , wéi en all Jar konnt ofgehal ginn , sollt et dës Kéier fir den Dikricher Kierchechouer net ginn. Ausfale sollt en awer och net an duerfir huet de Sekretär a Caissier Fränz Schaack mat sengem Organisatiounstalent fir eng ënner den aktuellen Corona-Moossnamen akzeptabel Léisung gesuergt. Fir d’Houmass op Cäciliendag gouf de Chouer an zwee gedeelt , een Deel ënnen an der Kiirch am lénke Säiteschëff an deen aneren um Duxall , fir kënnen déi néidig Distanzen anzehalen . Dirigéiert goufen d‘ Sänger vum Ersatzdirigent  Joé Lahos , begleet op der Uergel vum Maurice Clement an um zweemanualigen Harmonium ënnen an der Kierch vum Tamara Rosselet . Mol gouf ofwiesselnd , mol zesumme gesongen an trotz deen ongewinnten Ëmstänn huet dat gutt geklappt . Dat traditionellt Iesse duerno konnt dann och net wéi gewinnt oflafen , awer och dofir gouf et eng patent Léisung : hei krut all Sänger fir sech a seng Partnerin säi vum Restaurant Faust vu Longsdorf preparéierte Menü mat enger gudder Fläsch Wäin dobäi mat heem .