Konveniat vun de 70-Järigen zu Dikrich

Dëser Deeg hu sich zu Dikrich zwanzig Jongen a Meedercher vum Jargang 1949 fir hire Konveniat afonnt . Invitéiert haten d‘ Kolleginnen a Kollegen Maggy Kemp , Mireille Zigrand , Nic Atten a Romain Hilbert . Fir dës Geleeënheet goufen di mëttlerweil 70-järig vum Buergermeester Claude Haagen am Stadhaus empfaang a krute beim Éirewäin dem Ern Breuskin säi Buch „Madame Hélène et Antonio“ iwwer dee bekannten Hôtel-Restaurant Hiertz an d‘Broschür iwwer déi vum Kënstler Jean Leyder am Festsall vun der Gemeng gestalte Glaspanneauen iwwerreecht . Fir d’Mëttigeesse gung et duerno op Longsdorf an de Restaurant Faust , wou ee sech a gudder Stëmmung u fréier Zäiten erënnert huet . Den Ofschloss huet eng interessant Visite am Militärmusée am Bamerdall gemaach . Ee nächste Rendezvous ass och scho geplangt , an dat soll an drei Jar um Fest vun Al Dikrich sinn .