FLMP-Wanderungen iwert permanent Wanderweeër op der Musel

Eng flott Initiative vun der FLMP fir mat engagéierten Wanderer an Wanderinnen permanent Wanderweeër op der Musel ze erkunden. Zu Ohn huet eng Iwerrasschung op si gewart. Hei sinn si vum President Henri Hengel vum Syndicat d'initiative et de tourisme vun der Gemeen Wormer an dem Wanderveräin Muselfrënn Uewerdonwen empfangen ginn. Bei engem gudden Pättchen Wäin offréiert vum SITW hunn si de permanente Wanderweeër vun Ohn mat den flotten Lagen an den scheinen Aussichten op de Museldall erklärt kritt.