Buergbrennen op der Schanz

Wi soss iwerall och, hunn d’Micky Mais aus der Gemeng Bech sech vir den 25ten Jubiläum vum Buergbrennen op der Schanz missen anescht organiséieren wi soss.

Et gouf keen Buergbrennen (spréch och keen Iessen a Gedrénks) vir den Public op der Buergplaz!

Stattdessen sinn Sonndes Mëttes 2 Equipen -entspriechend equipéiert mat klenger Buerg um Won - duerch déi 4 Uertschaften Altréier, Heeschbreg, Kräizenhéicht a Kuebebuer gefuer an hunn vum Won aus Gulaschzopp vun Dir zu Dir (op Umellung am Virfeld!) servéiert.

Dei kleng Buergen goufen dunn Owes mat dem aneren Brennmaterial op der Buergplaz (Chrëschtbeemercher) verbrannt.

Dat ganzt gouf ab 19.00h iwert Live Stream iwerdroen.