Niklosmaart op der Schanz

E Samschden, den 29. November huet op der Schanz den traditionellen Niklosmaart stattfonnt. Verschidde Veräiner aus der Gemeng, dorënner d‘Becher Jugend, 50+ Bech, d‘Schanzer Fëscherfrënn, d’Micky Mais, Sport a Fräizäit, an Gaart an Heem, haten hir Stänn opgebaut an hunn mat vill Engagement fir eng gemittlech Atmosphär gesuergt.

E besonnesche Moment war d’Visitt vum Kleeschen, den an d’Kierch komm ass an de Kanner vill Freed gemaach huet. Vir déi musikalesch Begleedung huet d‘Bech-Berbuerger Musek gesuergt.