16- IVV Wanderung zu Bech vun den Micky Mais

16. IVV Wanderung zu Bech – Merci!

Wat e flotte Weekend! Bei waarmem Wieder hu 616 Leit un eiser Wanderung deelgeholl an si sinn iwwer déi dräi Strecken vun 6 km, 11 km an 20 km tëschent Bech an Hierber gaangen.

E grousse Merci geet:

un all déi gehollef hunn, fir dësen Event méiglech ze maachen

un all d’Participant*innen, déi komm sinn ze wanderen

un déi, déi bei eis eppes giess oder gedronk hunn

Besonnesch Merci och un Lëtzebuerger Wandersportfederatioun, Gemeng Bech (vir zur Verfügung stellen vum Material), Commune de Rosport-Mompach (merci vir en Accès op Toilette an Kontrollinstallatioun bei der Hierber Scheier) fir hir Ënnerstëtzung!

E groussen Merci och un Wanderverainer vun Diddeleng Gehansbiergknappen 75 Butschebuerg asbl, Itzeg Footing Club Itzeg Ettelbreck Wanderfrënn Ettelbréck an Mertert, dei den Podium gemaach hunn mat denen meeschten Participanten.

Mir freeën eis iech geschwënn erëm ze gesinn – bis dohin: bleiwt sportlech a genéisst d’Natur!