Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Mondorf/Altwies

Freides, den 03. Mäerz 2017, huet d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Mondorf/Altwies stattfonnt. D’Sektioun konnt dësen Owend eng 80 Membere begréissen.

Den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen an déi uwiesend Memberen op d‘1. Mee Feier vum LCGB invitéiert, déi dëst Joer zu Réimech stattfënnt.

Ausserdeem goufen nach verschidde Membere fir hier laangjäreg Memberschaft geéiert.