Härläicheprozession zu Meesebuerg

Och dëst Joër konnt d'Prozessioun zu Meesebuerg nees bei herrlechem Wieder stattfannen. Vill Leit hun de Wee op Meesebuerg fonnt wou d'Prozessioun vun der Kiirch an Schlasskapell an nees zereck gefouert huet.Geleet goufen déi Feierlechkeeten vum Paschtouer Tristan Häcker. No der Prozessioun gouf et e gudde Maufel z'iessen an e Patt vum Schlasshär.