Buergsonnden 2022 bei de Schéisser Wiichtelcher.

2022 hun d’Wiichtelcher vu Schous erëm eng Buerg gebaut. Sonndes Moies si se de Stamm an de Besch siche gangen an duerno as d’Buerg mam Stréi, wat eis d’Bauren aus dem Duerf gestëfft hun, gebonnen an opgeriicht gin. Och d’Kannerbuerg huet net dierfe feehlen! Op der Héicht as et fir Mëtteg dunn eng gutt Spagetti gin, fir sech ze stärken éier et mat Gesang duerch Duerf ophiewe gaange as.
Um halwer Acht huet dunn déi läscht bestuete Koppel d’Éier gehat, fir d’Buerg unzestiechen. Mat guddem Ostwand huet se och schéi gebrannt! Als Ofschloss woren d’Leit aus dem Duerf, all invitéiert fir am Veräinshaus eng Omlette z’iessen!