Lëtzebuergesch Coursen op der Héicht.

Vun Oktober 2019 bis Juni 2020 huet d‘Gemeng Fëschbech an Zesummenaarbecht mat der MEC asbl zu Schous am Veräinshaus e Lëtzebuergesch Debutant Cours A .1.1. ugebueden. Ënnert der Leedung vum Formateur Hubert Schaul konnte 7 Leit aus eiser Gemeng de Cours ofschléissen. Den Här Schaul huet sech esouguer wärend dem Confinement op d‘Videokonferenz ëmgestallt, esou dass eis franséisch an engleschsproocheg Matbierger weiderhin gutt betreit gi sinn. Den 3 Juli war d‘Diplomiwwereechung a Presenz vum Schäfferot an dem Vertrieder aus dem Gemengerot bei der MEC asbl, Sven Bettendorf.


Wärend der klenger Feierstonn hunn och 2 Kandidaten eng kleng Ried op lëtzebuergesch gehalen fir ze weisen, wat Si alles geléiert hunn. Den 2 Deel vum Cours wäert fir Oktober 2020 geplangt gi.


Felicitatiounen un déi 7 Matbierger fir hiert Engagement.