LEADERDaag 2015

De 6. Juni huet den Landwirtschaftsministère all LEADER-Akteuren aus dem Land op e flotten gemeinsamen Dag am Westen agelueden, fir hinnen Merci ze soen fir hiert Engagement.
Et ass lass gaangen zu Miersch am Kulturhaus wou puer Rieden gehalen goufen, an den Här Pierre Puth, mat musikalescher Ënnerstëtzung eis de Westen op seng Manéier virgestallt huet.
Oldtimerbussen hunn eis dunn op Aansebuerg bruecht wou mer dat Grousst Schlass mat senge wonnerschéine Gäert virgestallt kruten.
Dee leschte Stopp hunn mer dunn uewen op der Kopp op der Buerg vun Aansebuerg gemaach, wou eis de Grof empfaangen huet. Nodeems hien eis d'Geschicht iwwert säin Schlass erzielt huet, ass du un den Dësch gaangen.

No dësem flotten an interessanten Daag, sinn eis Invitéen dann géint 15:00 mam Bus zerék op Miersch kutschéiert ginn.