Aus dem Duerf - Liewensgeschichten - Präsentatioun zu Garnech, e grousse Succès
um weitere Bilder zu sehen.
Am klenge, familiäre Kader vun der Brasserie Beim Krukert zu Garnech huet e Samsdeg de 26. Abrëll 2025 d'Presentatioun vum neie Buch Aus dem Duerf - Liewensgeschichten stattfonnt. Dëst am Kader vun engem LEADER-Projet aus der leschter Period vun der Kultrun asbl, deen iwwer e puer Joer d'Zil hat, déi räich lokal Geschicht vun der LEADER Regioun Zentrum Westen ze sammelen an erëm an d'Bewosstsi vun de Leit ze bréngen.
D’Stëmmung war vun Ufank u ganz gemittlech an häerzlech. D’Brasserie war gutt gefëllt mat Awunner, Geschichtsinteresséierten a Frënn vum Projet. Mat vill Häerz an Engagement hunn déi verschidde Schrëftsteller, déi un dësem Wierk matgeschafft hunn, Auszich aus hire Kapitele virgedroen. Si hunn domat net nëmmen e Bild vun der Vergaangenheet vermëttelt, mee och d’Besonneschkeet an d'Emotiounen, déi mat eisen Dierfer verbonne sinn, op lieweg Aart a Weis erëm opliewe gelooss.
D’Texter, déi virgelies goufen, hunn e breede Spektrum ofgedeckt: vu perséinlechen Erënnerungen iwwer lokal Traditiounen, d'Entwécklung vum Duerfliewe bis bei Anekdoten iwwer besonnesch Momenter, déi d'Zesummeliewe gepräägt hunn. Et gouf gelaacht, gelauschtert an heiansdo och nostalgesch zeréckgeduecht.
Fir Iessen a Gedrénks war gesuergt an et gouf vill Geleeënheet fir flott Gespréicher tëscht de Schrëftsteller an de Visiteuren. D’Buch kritt een natierlech bei de verschiddenen Librairien am Land ze kafen!
Den Nomëtten zu Garnech huet gewisen, wéi vill an eiser lokaler Geschicht stécht a wéi wichteg et ass, dës ze dokumentéieren an ze deelen. Duerch d’Initiativ vun der Kultrun asbl zesumme mam LEADER an deem staarken Asaz vun alle Bedeelegten ass e Wierk entstanen, dat net nëmme fir eis, mee och fir déi nächst Generatiounen en onschätzbare Wäert duerstellt.
E grousse Merci geet un all déi, déi dëse Projet erméiglecht hunn, un den CNL - Lëtzebuerger Literaturarchiv, souwéi un d'Brasserie Beim Krukert fir déi hëllefräich Ënnerstëtzung an déi waarm Atmosphär.