Wëllkommenspatt an der Gemeng Rammerich


Ueschdrëf: „Le collège des bourgmestres et échevins de la Commune de Rambrouch a l’honneur de vous souhaiter officiellement la bienvenue dans la Commune ensemble avec les membres faisons partie de votre ménage“. Esou stong et op der Aluedung vun der Rammericher Gemeng, déi all nei Matbierger op e flott Zesummesinn am Kulturzenter zu Ueschdrëf agelueden hat. No senge Wierder vu Wëllkomm vum Schäffen Mike Bolmer a Presenz vum Gemengen- a Schäfferot ass d’Sonja Kettmann vun der „Commission consultative communale d’intégration“ op Sënn an Zweck vun desem Event agaangen, fir den neie Matbierger Geleeënhet ze gin, sech besser ënnereneen kënnen ze léieren. Mat jeweils engem interessanten Informatiounsstand hun di nei Matbierger d’Aktivitéiten vun denen verschiddenen Veräiner an der Rammericher Gemeng, di héi och zahlréich a gut vertruede waren am Detail och virgestallt kritt. Nom erhiewe vum Glas an engem gudde Schnittchen huet dess schéi Feier a gudder Ambiance no e puer angenehmer Stonnen sengt würdigt Ënn fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)