D’Frënn vum Uespelter Schlass si frou déi éischt Editioun fir dest Joer virzestellen. D’Zeitung enthällt flott Artikelen, zum Beispill en Interview mam Här Roger Beissel, Buergermeeschter vu Fréiseng, e ganz interessanten Gastbeitrag vum Här Laurent Schüssler iwwer d‘Waasserstroossen zu Letzebuerg, d’Virstellung vum Trëppeltour duerch Uespelt vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng, a villes méi.
Wann dir un der Schlassnews interesséiert sidd a wëllt Member gin, kënt Dir daat machen andeems dir de Veraïn ënnerstetzt mat engem Beitrag vun 10 € (CCPL LULL LU71 1111 31). Fir weider Froen, info@amisduchateau-aspelt.lu