Unity Run 42: Verdeelen vun de Medailen an Don vum Fieldgen

D’Schüler an d’Enseignanten vum Fieldgen déi un der éischter Editioun vum Unity Run 42 am Kader vum ING Night Marathon 2023 deelgeholl hunn, hunn sech den 21. Juni getraff fir hier Medailen an Empfang ze huelen. De Fernand Schaber, Präsident vun Unity Foundation, huet sech bei de Leefer bedankt fir hiren Asaz an hier Begeeschterung bei dëser Aktioun.

D’Direktioun vum Fieldgen huet an dësem Zesammenhang entscheet fir d’Fondatioun mat engem Don vun EURO 1.000 ze ënnerstëtzen. D’Leefer a Unity Foundation hunn sech elo schonns Rendez-vous ginn fir Mee 2024 fir des flott Aktioun ze widderhuelen!

www.unityfoundation.lu