Am Kader vun hirer järlecher Remise de Dons huet d’Banque Raiffeisen och dëst Joer hiren Engagement fir de soziale Secteur ënnerstrach. Am Ganze krute sechs lokal Associatiounen ee finanzielle Bäitrag an Héicht vu jeeweils 5.000 €, fir hir Aarbecht weiderzeféieren an auszebauen. Dëst Joer huet och Unity Foundation zu de Beneficiaire gezielt.
Dës finanziell Ënnerstëtzung erkennt d’Engagement an d’Aarbecht vun deenen ausgewielten Associatiounen un a dréit dozou bäi, hir Projeten nohalteg weiderzeféieren. Si weist och, datt d'Banque Raiffeisen, eng engagéiert Institutioun ass, déi aktiv um sozialen, gemeinschaftlechen, karitativen an humanitäre Liewen am Land deelhëlt.
Unity Foundation bedankt sech fir dëse generéise Geste.