HACA Partners ennerstetzt Unity Foundation

Foundation bedankt sech häerzlech bei HACA Partners fir den Empfang bei der Scheckiwwerreechung am Kader vun der Campagne Earn & Give 2025.

Dank dem Engagement an der Generositéit vun de Mataarbechter ass eng flott Zomm zesummekomm. D’Entreprise huet entscheed de Betrag opzeronnen; e schéine Geste, deen hiren Asaz an hiert Engagement ënnersträicht. Dës Suen erméiglechen d’Entwécklung an d’Ënnerstëtzung vun edukative Projeten op der ganzer Welt fir ville jonke Leit nei Perspektive fir Bildung an hir Zukunft ze ginn.