EN NEIT BUCH VUN DE "GESCHICHTSFRËNN VUN DER GEMENG FRÉISENG"

D’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng wëllen heimat hiert neit Buch

Die Flurnamen und Wasserläufe der Gemeinde Frisingen

virstellen.

Et huet gutt 200 Säiten, an iwwer 100 Illustratiounen. Dëst Buch, zesummegestallt vum Serge Frantzen ass zum Präis vun 25€, ab dem 21. November 2021 ze kréien a kann awer och duerch eng Iwwerweisung vun 30€ op de Kont vun der BGL BNP Paribas: BGLLLULL LU03 0030 6680 1005 0000 mam Vermierk „Flouernimm“, zougeschéckt ginn.

Sonndes den 21. November 2021, tëschent 9h00 an 12h00 geet dat neit Buch am Schlass zu Uespelt an de Verkaf, am Respekt vun den aktuellste Covid-Reegelen.

Dëst Buch kritt een do exklusiv, mee och aner Publikatioune gi verkaf: Uespelt am Krich, Uespelt a seng Haiser, 100 Joer Fréisenger Musek, asw a viraussiichtlech och nach een neit Buch "Chronologie der Gemeinde Frisingen"