Generalversammlung vun de Frënn vum Uespelter Schlass

Ugangs zur Generalversammlung vun de Frënn vum Uespelter Schlass, déi den 28. Abrëll 2023 zu Uespelt am Schlass stattfonnt huet, huet de President Jean-Paul Schong den éischte Schäffen vun der Gemeng Fréiseng, Carlo Raus, begréisst an och all uwiesend Memberen, Frënn a Sympathisanten vum Veraïn. Am Numm vun de Frënn vum Uespelter Schlass soot de Jean-Paul Schong der Gemengeverwaltung e grousse Merci fir hier wäertvoll Ënnerstëtzung an hofft op eng weider flott Zesummenaarbecht.

No der Sekretärin, Claudine Winkel, déi den Aktivitéitsbericht 2022 virgestallt huet an dem Rose-Marie Merckx déi de Finanzbericht 2022 presentéiert huet, wor et um Tour vum Keeserevisor René Raus fir d’Finanzen vum Veräin gut ze heechen an de Finanzbericht gouf eestëmmeg vun der Generalversammlung ugeholl.

Den éischte Schäffe vun der Gemeng, Carlo Raus, huet Merci gesot fir alles wat 2022 geleescht gouf an hien setzt op eng weider gutt Zesummenaarbecht fir 2023.

Am Uschloss op d’Generalversammlung, huet de Jean-Paul Schong eng flott an interessant Presentatioun gemaach iwwert d’Aarbechten um Schlass vu fréier an haut mat Schwéierpunkt op d’Aarbechten déi momentan amgaange sinn.

Den Owend ass gemittlech bei engem Patt an engem klenge Maufel ausklénge gelooss ginn.