Visite vum Service Seniors vun der Stad Lëtzebuerg zu Uespelt am Schlass

Den 13. September 2023 hu mir zu Uespelt am Schlass e Grupp vum Service Seniors vun der Stad Lëtzebuerg empfangen. No der Begréissung vun der Delegatioun vun de Frënn vum Uespelter Schlass, kruten d’Gäscht en Abléck an d’Geschicht vum Schlass an d’Arbechten un a ronderem d’Schlass an dest anhand vun enger PowerPoint déi de Jean-Paul Schong virgestallt an erklärt huet. No deser Presentatioun wor et un der Besichtigung vum Schlass mat sengen Annexen an dem Gaart.

Ier et Nomëttes eng Virstellung vum Péiter vun Uespelt um Programm stung mat engem klengen Treppeltour duerch Uespelt, stung e gesellegt Iessen am Kraeltgen um Programm wou och de Buergermeeschter vun der Gemeng derbaï wor.