Aweiung vun der Galerie d‘Art „ Al Post“ zu Munnerëf

D‘ Gemeng Munnerëf huet dat aalt Postgebäi aus der Zäit vun der Belle Epoque zesummen mat dem Site au Monument restauréiert an him e neit Liewen agehaucht.
Um Rez-de-chaussée befannen sech Büroen vum Syndicat d‘ Initiative an eng fuschnei Galerie d‘Art wou an Zukunft Konschtaustellungen ofgehale kenne ginn.
Fir d‘ Ouverture vun der Saison ze feieren , an d‘ Galerie anzeweien , gouf de lokale Kenschtlerveräin Art et Création gefroot hir Biller auszestellen.
De President vum S.I. Guy Schadeck huet a senger Ried unn dei aal Zäiten erennert , wou am Thermalpark an de Reimlechkeeten vun der Source Kind, regelmässeg Konschtausstellunge waren a wär frou wa mat der neier Galerie d Kultur zu Munnerëf erëm groussgeschriwe geng ginn.
Nodems de Buergermeschter Steve Reckel de Werdegang vum Gebäi erklärt huet , war et unn der Presidentin vun Art et Création Merci ze soen .“Et ass e schéint Gebuertsdaagsgeschenk „huet si gesoot. Art et Création gouf nämlich den 3. Mai 1996 gegrennt an ass mat Munnerëf enk verbonn .Et kann een d’ Ausstellung nach kuke goen bis den 3. Mai, also den Datum vum 30. Gebuertsdaag vum Veräin.