Generalversammlung vun Art et Création, Munnerëf

Et war schon déi 28. Generalversammlung, déi de Kënschtlerveräin Art et Création zu Elleng an hirem Atelier ofgehalen hunn.

Gemeng Munneref hat virun 27 Joer déi gudd Iddee fir e puer Kënschtler aus der Gemeng deen aale Veräinssall vun Elleng zur Verfügung ze stellen.All Mettwochs treffen sie sech do fir ze molen. Am Laaf vum Joer profitéieren Memberen vum Veräin fir am Atelier un Workshopen deelzehuelen oder einfach fir dett an daat ze feieren.

De Buergermeeschter Steve Reckel ass ob jidderfall frou Art et Créationan der Gemeng ze hunn , déi 28 Joer sou gudd fonktionnéiert hunn an ëmmer bereet sinn um Veräinsliewen zu Munneref deelzehuelen.

Sekretärin Christine Raguet huet de gudd gefëllten Programm vun 2023 virgelies . Den Highlight war de Salon am Oktober mat ville Visiteuren, Austellung am November am Uespelterschlass , an déi verschidden Molcoursen.

Kaissière Janine Bintner konnt der Versammlung eng gudd Kees virweisen.

Geéiert gouwen fir 28 Joer am Comité PresidentinLiliane Hein, Sekretärin Christine Raguet an Trésorière Janine Bintner.

Fir 10 Joer Comitésmemberen Amélie Lang a fir 6 Joer de Jean-Claude Schmitz.

De Rescht vum Owend ass mat engem gudden Kéisteller an engem sëffege Patt zu Enn gangen.