B.I.R.K. asbl: Hëllef fir d ‘Affer vum Krich an der Ukraine

B.I.R.K.asbl (Beschäftegungs Initiativ Réimecher Kanton) huet mat enger Verkafsaktioun um Ouschtermaart am Cumulus zu Sandweiler an bei hierer Vente privée de 15. Abrëll an der Vitrin Sue gesammelt fir Flüchtlingen an Hëllefbedürftegen aus der Ukrain ze ënnerstëtzen.

D'Spend vun 2.000 EUR ass an d ‘Munnerefer Partner-Thermalstad Ladek-Zdroj a Pole gaangen. De Scheck gouf vun der Presidentin vun B.I.R.K asbl Annette Kirsch, Netty Kill, Trésoriere an dem Dani Kieffer, chargée de direction un de Buergermeeschter Steve Reckel an déi zwee Schäffen, Claude Schommer (Sekretär vun B.I.R.K. asbl) a Steve Schleck iwwerreecht. Si hunn de Scheck stellvertriedend fir de Roman Kaczmarzyk, Buergermeeschter vu Ladek-Zdroj, entgéint geholl.

Ladek-Zdroj huet ganz vill Flüchtlingen opgeholl, an si këmmeren sech mat enger Partnerstad vun hinnen an Ostpolen un der ukrainescher Grenz, Liewensmëttel a Wueren an d'Ukrain ze bréngen, wou et am meeschte gebraucht gëtt.