Eng Kiwanis Popp

D'Gemeng Munneref huet eng vun de KIWANIS Poppen gesteet. Den Erléis kënnt de Kanner zugutt, deenen et net esou gutt geet. Während hiirem Openthalt an der Klinik offréiert de KIWANIS Club deem jonke Patient dës Popp déi e begleede soll. D'Popp ass dee Moment de Kranken an dee klenge Patient iwwerhëllt d'Dokterroll. Un der Popp kann en säin egent Traitement nostellen an experimentéieren. Dat hëlleft him alles besser ze verstoën.
D'Popp steet elo fir dräi Méint an der Entrée vum Bierger- a Kulturhaus a fënt duerno hiir definitiv Plaz bei der Schoul.