Masterclass

D'Schüler vun der Madame Sandrine Cantoreggi haten an der Vakanz d'Méiglechkeet an der Masterclass deelzehuelen. Während dräi Wochen ass all Dag geprouft ginn. Duerno huet en Ofschlossconcert am Bierger- a Kulturhaus stattfond.
Zesumme mat der Madame Cantoreggi hu verschidde Schüler dun och um Concert " Bouquet Musical " am Festsall vum Park deelgeholl. Um Piano woren si begleet vun der Madame Jessica Chan. D'Thema vum Concert wor d'Filmmusek vum Charlie Chaplin. Paralell ass op zwee grousse Ecran'en de Film gelaf. De Concert hat vill Leit an de Park gezunn.