"Trotz dem Ausfall vum Mustang Meeting 2020 huet de Comité vum VINTAGE MUSTANG CLUB OF LUXEMBOURG, mat Sëtz an der Gemeng vun Munneref, un senger Traditioun festgehall, fir weiderhin der Déierentherapie vum Mierscher Kannerduerf seng Ënnerstëtzung auszespriechen. Dest gouf bei enger klenger Feier zu Miersch mat der Iwwerreechung vun engem Scheck an der Héicht vun EUR 2.500,- besiegelt. D'Direktioun vum Kannerduerf huet dem Comité vum VMCL e grousse Merci fir desen generéisen Geste ausgedrëckt."
Detail zur Photo:
Vlnr: Jean-Paul KARPEN (General Direkter Kannerduerf Miersch), Cynthia CONZEMIUS (Verwaltungs Direkter Kannerduerf Miersch), Marc LEDERLE (Vize-Präsident VMCL), Donny WAGNER (Sekretär VMCL), Nic JUNGERS (Präsident VMCL)