No sengem erfollegrächen Mustang Meeting zu Munneref den 8. an 9.10.2022 huet de Kommitee vum VINTAGE MUSTANG CLUB OF LUXEMBOURG, mat Sëtz zu Munneref, un senger gudder Traditioun festgehall, fir weiderhin der Déierentherapie vum Mierscher Kannerduerf seng Ënnerstëtzung auszespriechen. Dest gouf bei enger klenger Feier zu Miersch mat der Iwwerreechung vun engem Scheck an Héicht vun EUR 2.500,- besiegelt. D'Direktioun vum Kannerduerf huet dem Comité vum VMCL e grousse Merci fir desen generéisen Geste ausgedrëckt."
Detail zur Photo:
Vlnr: Lex Kloos (Caissier VMCL), Cynthia CONZEMIUS (Verwaltungs Direkter Kannerduerf Miersch), Nic JUNGERS (Präsident VMCL), Marc LEDERLE (Vize-Präsident VMCL), Corinne BINGEN (Chef de Groupe am Haus 4 vum Kannerduerf)