Konkreet Weichestellung zur Energietransitioun

1. Informatiounsversammlung vun der Energiekooperativ EKR zu Munneref

Den 8.Februar haten sech ca. 140 intresséiert Leit aus dem Kanton Réimech am Biergersall an der Gemeng Munneref fir d'Virstellung vun der EKR « Energiekooperativ Kanton Réimech» afonnt. Des Kooperativ huet sech zum Zil gesat, fir op den Diecher vu Gemengegebaier , op mannst 1 Projet ( a Form vun enger Fotovoltaikanlag) pro Gemeng am Réimecher Kanton , a prioritär zesumme mat den Awunner aus dem Kanton, opzeriichten an ze bedreiwen. Beim éischte konkreete Projet deen elo quasi fäerdeg geplangt ass, a realiséiert gëtt, handelt et sech em eng PV-Anlag um Daach vum Boulodrôme zu Munneref.

De Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel huet deen Owend d'Leit begréisst, an d'Theema agefouert an d'Wichtegkeet vun enger Kooperativ ervirgestrach.

De President vun der Kooperativ , Mike Molling, huet a senger Ried de wierklech ville Leit villmools Merci fir hiert Intressi gesot an Detailer zur Kooperativ ginn. Aus den 8 Gemengen aus dem Kanton Réimech, an zwar Bous/Waldbriedemes, Duehlem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes, hunn sech jeeweils 1 Vertrieder aus dëse Gemengen, am Verwaltungsrot zesumme fonnt, an d’Kooperativ de 7. November 2022 als Teamwork op d'Schinne gesat. A senger Präsentatioun goung hien och op den Zweck, d’Funktionéieren, d'Statuten an de Roll vun de Kooperateure vun enger Kooperativ an. An esou enger Gemeinschaft gëtt een duerch de Kaf vun op mannst enger Part, an dësem Fall vun 100 €, Kooperateur. Doduerch kritt een net nëmmen e Stëmmrecht mee et dréit een och dozou bäi fir gemeinsam mat anere Kooperateuren een ëmweltfrëndleche Projet ze kofinanzéieren. Wann een also, duerch wat fir ee Grond och ëmmer, selwer keng PV-Anlag doheem installéiere kann, kann een sech an der EKR esou also direkt awer un engem ekologesche Projet bedeelegen .

Sollte genuch Parten vun de Kooperateure kaaft ginn, kéint den ausgeschaffte PV-Projet vun 29,6 kWp um Daach vum Boulodrôme duerch eng Konventioun mam Gemengerot direkt an d’Wee geleet ginn. Dëse Projet ass du vum Sven Flammang am Detail virgestallt ginn. Eng Zomm vun ëmmerhin 33.000 € vir d’Opstelle vun 74 Solarpannoë steet elo am Raum a kéint vun den EKR-Kooperateuren iwwerholl ginn. Et kéinten doduerch ca. 26.000 kWh/J grénge Stroum wärend 15 Joer produzéiert ginn. Dat entsprécht engem Stroumverbrauch vu quasi 6 Eefamilljenhaiser. Dëse Projet ass awer egal wéi nëmme méiglech well d'Gemeng Munneref den Daach ouni Lokatioun zur Verfügung stellt an een net onwesentlechen Deel vun de Fraise fir technesch Basis-Installatioun iwwerhëlt.

Uschléissend huet de President och nach d’Internetsäit vun der EKR ( www.ekr.lu ) virgestallt. D’EKR kann och iwwert Facebook kontaktéiert ginn. Iwwert aktuell Newsletter gëtt ee reegelméisseg informéiert. De President huet och nach aner potentiell Projeten an anere Gemenge virgestallt. ( Maison relais zu Duehlem; Grondschoul zu Trënteng; Gebai fir technesch Servicer zu Schwéidsbeng...) Zum Schluss huet hien dem Buergermeeschter Reckel fir seng exemplaresch Ënnerstëtzung bei der Grënnung vun der Kooperativ, de Responsabel aus deenen anere Gemengen, dem Olivier Martin vun dem «Energiepark Réiden» fir seng kompetent Begleedung beim Ausschaffe vun de Statuten , an dem Thomas Wallerich vum «Leader Miselerland» fir Bereetstelle vun engem Startkapital, villmools Merci gesot.

Et war elo un de Bierger fir zousätzlech Informatiounen zur EKR an zu de Projeten ze kréien. Froen zu dem Ausbezuele vun den Dividenden, der Rentabilitéit vun der Anlag, dem Weiderreechen oder Zréckkafe vu Parten asw. konnten all zefriddestellend beäntwert ginn.

Den EKR-President huet dann och nach drop higewisen, datt d'Leit sech deen Owend schonns als Kooperateur melle kéinten. Doropshin hunn 31 Interessenten eng Bestellung ausgefëllt an sech fir 476 Parten engagéiert. An der Zukunft kann ee selbstverständlech op der Internetsäit (www.ekr.lu )och Member ginn an sech iwwert d’emailadress ( info@ekr.lu ) informéiere loossen.

Ier de Buergermeeschter den Éierewäin ugebueden huet, ass hien a sengem Schlusswuert nach eng Kéier op de gemengnëtzege Gedanke vun enger Kooperativ agaangen, andeems hien ausdrécklech d’ekologesch Iwwerleeungen an net déi finanziell gewënnorientéiert Aspekter ervirgestrach huet.