D'Petitioun geint den Tram fänkt un Tempo ze kreien

Suite um dach e bessen iwweraschenden Erfollech vun der Petitioun fier en Referendum geint den Tram hun ech mir et net huelen geloss mol perseinlech mam Initiator vun der Petitioun dem Philipp Bützow ze schwätzen.
Schon no e puer Deeg haat d'Petitoun e puer Dausend Ennerschreften kritt, an se ass haut, Meinden 28.4 schon bei iwwert 3500.
Et bleiwen also nemmen nach manner ewei 1000 Ennerschreften befier et an d'Chamber geet.

* Philipp, fierwaat bass du geint den Tram ?
Ech sin net kategoresch géint een Tram, mee ech gesin aktuell aaner Problemer dei eist Land huet an kreien wärt an do gesin ech absolut keen Bedarf elo een Tram ob Schinnen ze setzen. Mir wärten ab dem nächsten Joer duerch den weggefall vun da TVA vum Commerce Electronique een schéint Lach an Kees vum Staatsbudget kreien. (Dovun oofgesin dat dat schon laang bekannt as an war goufen net wirklech Reserven, do as och dei fierrecht Regierung verantwortlech ze machen, mee weiderhin gouf wei eis Poltiker sou gär soen Suen grouszügeg mat da Stränz verdeelt --> Voir Reform vum Cedies wou ma lo rem Rechnung kréien an EU eis obligeiert et och un Frontaliers Kanner ze bezuelen (wat jo och nemmen richteg as vue dat déi Léit braav hei hier Stéiren bezuelen) mee dat sin ganz aner Diskussionnen ech well net ze wéit aushuelen.
Dofier fannen ech et wichteg an nemmen richteg (zumols no den Aussoen vun da neier Regierung, Bierger mei mat wellen anzebezeihen) dat wier sou een grousen Projet deen net nemmen vill € kascht me och vill Auswierkungen ob den savoir-vivre vun da Stadt an den Stadter Quartier an Geschäftsleit wärt hun, dat Bevölkerung soll gefroot gin ob soueen Projet a Fro dierf kommen oder eben net. An et soll och keen Pro-Forma Referndum sin mee wann dann sollen ma eis mol een Beispill vun da Schweiz huelen wou een Volksentscheid och wirklech een Volksentscheid as an Regierung sech dann och dodrun hält.

* Nenn mer 2 Alternativen zum Tram dei besser wieren !
Ech sin keen Projektentweckler an och keen Urbaniste, mee ech gesin awa och wou den Stau sech entweckelt, ier een sech iwert een Tram gedanken mecht soll een mol kuken weisou ma souvill Stau hun ? Letzebuerger as een Ballungsgebiet wou all Daag eng c.a 150 000 Auslänner eis Grenzen passeiren fier schaffen ze kommen (wouriwa ma jo och Frou sin) vu dat sech den gros ob Luxembourg-Ville konzentreiert staut et iwerall.
Eng Meiglechkeet wier et zB mol Franseisch A3 ob 3 Spueren auszebauen an dat duerchgehend an am beschten och en Cooperation mat da Lorrain, well fier just 500meter vun da Sortie Livange bis hannert da Air de Berchem ob 3 Spueren ze maachen dat brengt menger Meenung no net vill. Wat een dann och nach maachen muss as een besseren Parkleitsystem..do keint een sech mol Beispiller un Deitschen Grousstied huelen an fier dat dat och een Erfolleg get muss een och dei aktuell P&R Meiglechkeeten iwerschaffen an verbesseren an do net schon an da Stadt ufenken mee schon vill mei weit virun da Stadt zb Findel/Senningerbierg, Kokelscheier mol vergréisseren deen as Strubbelvoll am halwer 9, Léieweng/Bettebuerg eventuell Steebrecken/Leideleng an och richtung Bertrange/Mamer.
Eng aaner Idee dei secherlecht ob vill Messmut geing steissen wier et mol eng Vignette anzefeiren, an dat keint jo och eng Vignette sin dei just fier Commune Ville de Luxembourg geheiert, doduerch geing een Leit dann zwengen sech auserhalb ob engem P&R ze parken , respektiv direkt mam Offentlechen Transport ze kommen.
Dat sin 2 Pisten vun Villen, et get och nach Idee eng Seelbuhn ze bauen vum da Gare ob den Kirchbierg mee do muss een wei bei all Projet den Pro an Contra oofweien. An wei ech schon am ufank soot sin ech net kategoresch geint een Tramm mee ech fannen et einfach net richteg wann een lenks an riets heiert dat ma spueren mussen dat een dann een Projet lanceiert deen gudd an gär 500 Millionen Euro kascht an dat och just fier dei eischt Phase an dat as och just een Devis ! --> Ech soen just Nordstroos do hun majo gesin wei laang an wei deier et gin as.

* Wei et ausgesait waert dei d' Petitoun jo dei 4500 Ennerschreften erreechen bis zum 26.5, waat erwaarts de daer wanns de virun d'Chamber gees ?
Zu allereischt well ech mol all denen Leit merci soen dei Petitioun enerschriwen hun, an ech well hinnen awa och soen dat se dat net fier mech maan oder fier sos irgendeen mee se maan et fier sech selwa. Wann een bei allem Jo an Amen seet dann mecht een et den Politker ze einfach. Ech sin ma dees och bewosst dat den Wee an Chamber just een Streihalm as fier den Projet dach nach ze kippen respektiv mol fier dei nächst Joer ob Eis ze leenen me ech hoffen natirlech dat dei betreffend Politiker an Gremien sech dei Saach mam Tramm nach eemol gudd iwerleen an och Bevölkerung frooen an sech dann och un den Ausgang vum Referndum haalen wärten.

- Fierwaat denger Meenung heiert een praktesch nemmen Leit di geint den Tram sin, an am Fong weiniesch oder baal guer keen den absolut Pro Tram ass, ausser den Härr Bausch villaicht, wourun leit daat denger Meenung no ?
Wat natirlech obfällt as dat et weineg bis guer keng DIREKT beführvorter fier den Projet Tram gin, ech mengen och dat dei Leit wou den Tram bauen wellen sech insgeheim och bewosst sin dat den Chantier eng Greist an Dauer kann kreien dei se selwa na net fierrauskennen soen..mee nom Motto oh komm ma fenken mol einfach un an kuken doriwa weg, wann se bis amgang sin sin se amgang wellen se den Projet partout duerchfeiren. An genau well souweineg sech per se fier den Tram ausschwatzen well ech dat eis Reigerung an speziell den M. Bausch me och den Premier Xavier Bettel Bevölkerung befreed an sech dem Volksentscheid och stell an en unhellt. Wann dobei rauskommen sollt dat 51% fier den Tram sin dann as et eben esou mee dann huet Majoriteit decideiert an net nemmen vereenzelt Polikter an Lobbyisten.