Den Tram ? Ein Ende mit Schrecken oder ein Schrecken ohne Ende ?

Seit dem 14 Abrell ass se elo online, d'Petitioun fier en Referendum geint den Tram nodeems se vun der Commission des Pétitions guttgeheescht gouw.
Lo hänkt et un den Leit, wann eng 4500 Ennerschreften zesummenkommen oder net an daat bis zum 26 Mai dest Joer.
Vill gett jo doriwwer diskuteiert, dei eng soen mir mussen en hun, dei aaner sin kategoresch dogeint. Et keint een mengen dei Meiglechkeet vun enger Pétitioun misst et den Contra-Tramisten meiglech maachen grad elo en Exempel ze statueieren.
Dem Auteur vun der Pétitioun no dem Philippe B. brauchen mer den Tram ganz kloer net, hei seng Aussoe dozou:
"Den But as ganz kloer --> Demokratie --> Referendum : Volleck soll entscheeden ob sou een grousen Projet an enger Krisenzeit wou gespuert soll gin iwerhaapt an Fro dierf kommen. Des wéideren fannen ech et emma rem schlemm wann dovun geschwaat get dat geing den Mobilitéitsproblem léisen, mee hud dir schon dei betraffen Léit gefroot, an dat sin virun allem Frontaliéren, ob dei elo bis an Stadt eranfueren oder just bis an périphérie vun da Stadt dat wärt guer an glatt néischt un denen 150.000 Frontaliers änneren dei all Dag iwert eis Grenzen kommen an Autobuhnen vollstopfen. Et wier bei weitem mei schlau eng Vignette anzeféiren oder sech iwer aaner Mobilitéitsidéen gedanken ze maan (Ausbau vun da Franseischer Autobuhn ob duerchgänge 3 Spueren etc. )"

Desweideren gin et och schon Gruppen an Seiten zu dem Thema um Facebook, dei matt den meeschten Memberen ass folgend:
"Nee zum Tram zu Letzebuerg - Zait fier een Referendum!"

Et bleiwt elo oofzewaarden wei sech daat ganzt entweckelt. Falls et wierklech dozu kennt daat genuch Leit dei Petitioun ennerschreiwen dann kann et fier verschidden Politiker mol waarm um Stull gin, well dommadder jo praktesch hieren greissten politeschen Projet keint eventuell an Waasser, oder besser an d'Pétrusse faallen well falls et zum Referendum kennt ass den Thema Tram an der Staat just nach en Dossier deen elo schon Miliounen kascht huet befier mol een Meter Schinn geluet gin ass.

Hei den Link zu der Petitioun:
http://www.chd.lu/wps/portal/public/!ut/p/b1/jctNDoIwGIThs3iCTj-gaZdFC61ELIKJdGO6MIaEn43x_OIBjMxukvdhgfWpykgkHIrdWJjje3jG17DMcfz-IO4krdW16UieG0CnvnM4Nig9X4N-DbjLtHUgi0IIOG8PSlRpUpV8mycp20upT0apaw6HPW9NkxMcbfP4MY1_vrbL9GBTGItC6t0HEjN9TA!!/dl4/d5/L2dBISEvZ0FBIS9nQSEh/pw/Z7_28HHANET28OQ00A4PTI0JQ0G51/ren/p=petition_id=38/p=ePetition=PetitionDetail/- #Z7_28HHANET28OQ00A4PTI0JQ0G51