Dat elei an dat elo

Lidderuucht Lëtzebuerg gëtt eng nei CD eraus


„Dat elei an dat elo“ ass den Titel vun der Museks-CD, déi Lidderuucht Lëtzebuerg elo kierzlech erausginn huet. Am Ganzen 17 flott lëtzebuerger Lidder goufen vum bekannten Ensemble ënnert der Direktioun vum Claude Hornick opgeholl. D’Meedchen zu Gëtzen – D’Bänk – Mäin Eisleck – Eng Spëtzebox - Bréngt ons Wuermeldenger hier- Firwat soll ech mech net bestueen – De Kanonéier – A wann e Freier eng Freiesch huet– An Amerika – D’Fëscher an Jeeër – Den Dokter Mieréidech – Kättche, Kättche – Un der Atert – O jennen Muerjes fréi – E Schéinen Owend – Dat elei an dat elo – sinn op der CD ze héieren. Bei all CD ass e gratis Textbichelchen dobäi. D’CD kann ee per Iwwerweisung vun 18.- Euro (CD 15.- Euro plus 3.- Euro Porto) op den CCPL IBAN LU96 1111 1324 9186 000 vun der Lidderuucht mam Vermierk „Dat elei an dat elo“ an „d’Liwweradress“ bestellen. Dat heescht är Adress wou mir den CD sollen hischécken. Oder bei onsen Optrëtter fir 15.- Euro kafen. Weider Infoen fand Dir op

www.lidderuucht .lu