Ëffentlechen Transport…


En 13 Joer alt Kand hellt den Bus (222 Mamer-Luxembourg-Gare vum Sales….) vun Mamer fir op Gare ze fueren fir déi éischten Kéier…kennt sech also net esou gudd aus.
Ma den Bus hält guer nët op der Gare, mee just do an der Géient.
Nodeem dat 13 jäeregt Kand dann laanscht Gar gefuer ass huet en den Buschauffer gefrot…. ?
Ma deen konnt weder Franséisch nach Däitsch, keen Englesch an souwisou och keen Lëtzebuergesch…Portugisesch…dat konnt den Buschauffer, just Portugisesch.
Hien huet dat Kand dann also einfach den Tour zeréck op Mamer maachen gelooss….ouni weider drop anzegoen….
Bravo Ëffentlechen Transport...net nëmmen eis Kanner mussen net onbedingt Portugisesch kennen ma och eis Touristen kommen net nëmmen aus Portugal !