Och dëst Joer war de Kleeschen, penktlech fir säin Namensdag, am Flegeheem zu Bartreng. D'Awunner hun hien an den Housecker mat schéinen Nikloslidder empfangen. d'Personal huet och kräfteg matgesongen. Duerno huet den hellegen Mann, Boxemännercher u jidderéen verdeelt. Wien nët konnt am groussen Sall sin as vum Kleeschen op sengem Zëmmer iwwerascht gin.Wéi ëmmer waren d' Männercher vun der Amicale gesponsert. Esou as e flotten Nomëtteg eriwer gangen an den Kleeschen huet versprach och dat nächst Joer zereck ze kommen.