Halleffaschten am Flegeheem zu Bartreng

E ganz flotten Nomëtteg hat Lidderuucht, déi op Invitatioun vun der Amicale, opgetratt sin, den Bewunner aus dem P3A vun Bartréngen bereet. Traditiounsméisseg waren si Halleffaschten bei eis an hun eis Pensionären mat hiren flotten, bekannten alen Melodien verzaubert. Hir Kleedung aus dem Ufank vum leschten Jorhonnert hun Sie sech selwer geschneidert an et huet een sech gefrot wéivill Stonnen, dass do an déi Arbecht eragefloss as. Den Här Hornick mat senger Equipe huet et erem eng Kéier färdeg bruecht, d'Begéschterung aus hirem Veräin och op eis Pensionären ze iwerdroen.

Leider huet och all Concert säin Enn, mé bei engem Pättchen mat enger Bratzel an enger Rieslings Paschtéit, gouf sech verspraoh och dat nächst Joer fir Halleffaschten
erem am P3A ze sin.