Ronn Gebuertsdeeg am P3A zu Bartreng

Erem eng Kéier hat d'Amicale vum Flegeheem vun Bartreng agelueden fir déi ronn Gebuertsdeeg vun den Bewunner ze feieren. Des Kéier waren d'Jubilaren vum Januar bis März un der Reih. Leider konnten der e puer krankheetsbedengt nët mat der bäi sin.

D'Madame Muller, d'Directrice vum Haus huet eng kleng Usproch gehalen an d'Amicale huet den Geéierten e klengen Blummenstack iwwerrecht. Den Heichpunkt war awer secher den Gebuertsdagskuch, deen d'Kichen préparéiert hat. All Pensionär huet e Steck dovun ze schmachen kritt. Och gouf eng Kippchen, mat oder ouni servéiert. Musikalesch gouf dat Ganzt vum Jeannot a Jean-Marie animéiert an et gouf bis an den speiden Nomëtteg gefeiert.