Konveniat "BASCHELTER 40 +"

Déi Baschelter Leit hunn sech Haut um Samsdeg, den 18.Mee ënnert dem Numm „ Baschelter 40+“ getraff. Ageluede woren all Leit déi schons iwwert 40 Joer zu Baschelt wunnen an déi bis virun 40 Joer do oder spéider zu Bauschelt an d’Schoul gaang sin. Déi Baschelter Schoul ass nämlech am Joer 1961 zougemach ginn, duerno sinn d’Kanner op Bauschelt an d’Schoul gaang.Well an der baschelter aller Schoulgréisser Renovatiounsarbechten gemaachginn, huet d’Gemeng den Éirewäin zu Bauschelt am Festsaal offréiert. Duerno sin si all zesummen an de Restaurant“Bauschelter Stuff“ iese gaang, wou nach bis an de spéiden Nommetteg Erënnerungen ausgetosch gi sinn. Et gouf och un déi Leit geduecht, déi gären derbäi gewiescht wieren awer aus gesondheetleche Grënn net komme konnten. Et worden 58 Bauschelter, déi sech bei deser Geleenheet an hirer aller Heemecht erëmfonnt hunn. ( FOTO: CHAREL REISER)