Flotten Jubiläums- Galaconcert 85 Joer Musik Gemeng Bauschelt


Bauschelt: D’Kierch vu Bauschelt war ganz gut besaat mat villen Muskliebhaber aus der Gemeng an och doriwer hinaus, wou d’Musik Gemeng Bauschelt och e flotten Galaconcert am Kader vun hirem 85. Gebuertsdag konnt presentéieren. Ënnert der Direktioun vun hirem dynamischen Chef Pierre Schins an der Moderatorin vum Owend, Elisabeth Neu, stongen eng ganz Reih vun Musekstécker vu bekannten a och manner bekannten Komponisten an Arrangeuren um Programm. Zum Optakt koum „Arsenal“ vum Jan Van der Roost, duerno „Earthdance „ vum Michael Sweeny, Oregon „vum Jacob de Haan“ an zum Schluss vum éischten Deel „Autumn Leaves“ arr: Peter Kleine Schaars zur Opféierung. Mat der Begleedung vum Daniel Roemen op der Uergel konnt en zesummen mat de Musikanten , „Trumpet Tune“ an „The Great Gate of Kiev , arr: Jérôme Naulais als éischt Stécker no der Paus nolauschteren. Weider gong et mat: „Coldplay an Stage“ Arr. Michael Brown, „Music „ Arr: Philip Sparke an „Fiesta in Spain“ vum Jean- Pierre Haeck. Mat „Stevie Wonder in Concert“ an enger weidere Zugab, déi mat vill Applaus vum Publikum gefuerdert goufen huet dese Concert sengt würdigt Ënn fond. Natirlich war et fir de President Arny Jakobs eng besonnesch Freed niewend de villen Éieregäscht och d‘Myriam Roettgers- De Rond, Vertriederin vun der UGDA- Frënn a Kollegen vun de Nopesch- Musiken a Gemengen, de Supporterclub mam Schëffen- a Gemengerot mat allen treien Nolauschterer, dem Comité mam Technischen Service fir hir Presenz, Mataarbicht an Ënnerstëtzung, ouni awer och den Här Paschtouer Marco Wehles fir dat problemloost zur Verfügung stellen vun der Kierch, och ze danken. Iwert di nei Musikanten Nicole Winandy, Heng Jungels a Sophie Schroeder ass d’Musik och ganz frou, fir si an d’Reihen vun eiser Musik können opzehuelen. Och allen Musikanten mat hirem Chef, de Renforten, dem Organist an Moderatorin vum Owend sin a senger Ried mat denen richtiger Wierder vun Unerkënnung, oprichtige Merci gesoot gin. Well dest Joer och engt besonnescht Joer fir di Bauschelter Musik ass, dat mir mat 85 Joer éischter Jonk géint aaner Musikanten aus der Noperschaft sin an trotzdem am Joer 1939 eng Musek ze grënnen an der spezieller an nach ganz onsécherer Zäit ass schon bemierkenswert, esou den Arny Jakobs weider a senger Laudatio. Damen konnten däi Zäit nach nit mat machen, an dat eréischt 1971 si derbéi komm sin an och haut frou sin, dat si mat eis Musik könne machen. 1978 koumen dunn endlich déi éischt nei Uniformen an bis haut hat eis Musik nëmmen 10 Dirigenten an just 5 Presidenten. Vill Fester sin an der Zäit gefeiert gin, Optrëtter, Concerten an mam Héichpunkt de Galaconcert ëmt Ouschteren, hun zu denen Haaptaktivitéiten vun eiser Musik bis haut, gehéiert. No de Wierder a Gléckwënsch vum Buergermeeschter Jeff Gangler ass am Festsall weider gefeiert gin, wou jiddeeren beim Patt e Stéck vum groussen Gebuertsdagskuch verbonnen mat engem kräftigen „Happy Birthday „konnt genéissen. (CR) (Foto: Charles Reiser)