Galaconcert Musik Gemeng Bauschelt bei vollem Haus


Bauschelt: Och dest Joer war et fir di Bauschelter Musik eng besonnesch Freed bei vollem Haus an der Kierch vu Bauschelt villen Musikliebhaber bei hirem dësjährigen Galaconcert e puer angenehmer Stonnen ënnert der Direktioun vun hirem Chef Pierre Schyns ze bidden. E flotten Programm konnt d’Moderatorin vum Owend, Isabelle Neu ukënnegen, wou bekannt a manner bekannt Melodien vu verschiddenen Komponisten an Arrangeuren vun der Bauschelter Musik zur Opféierung koumen. Am éischten Deel vun insgesamt 10 Musikstécker war de „Captain America March“, als Einleitung, duerno gong et ënnert aanerem weider mat „Highlights from a star is born“, bis hin zu „ How to train your Dragon“. Zum zweeten Deel vum Owend war et wie „Parade of the Charioteers“, „the Best op Phil Collins“ an „ Russian Spirit“ déi och vum ganzen Orchester mat vill Applaus honoréiert goufen. No denen vun engem dankbaren Publikum gefuerdeten Zugaben war et um President Arny Jakobs fir sengen Musikanten mat hirem Chef an der Moderatorin säin oprichtigen Merci auszespriechen an dobéi seng besonnesch Freed eng nei Musikantin an de Reihen vun der Bauschelter haerzlich wëllkomm ze heeschen. Och fir de Publikum mat alle Gönner a Sponsoren, dem Abbé Marco Wehles, zesummen mat dem Supporterclub an der Gemengeverwaltung gouf et vill Luew an Unerkennung fir hir Presenz an Ënnerstëtzung. No de Wierder vum Buergermeeschter Jeff Gangler, den de Stellewert vun der Musik an der Gemeng besonnesch erviergehuewen huet, koum eng kleng Iwerraschung op de President Arny Jakobs duer. An treffende Wierder ass de Vizepresident Charel Roemen op dem Arny sengt aktivt musikalischt Engagement wärend 20 Joer un der Spëtzt vun der Musik Gemeng Bauschelt agaangen an him nach weider Joeren derbéi als President gewënscht. E Bouquet Blummen war den Dank fir di gut Zesummenarbecht an all dene Joeren. Bei flottem Zesummesin huet de Galaconcert vun der Bauschelter Musik säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)