UGDA- Medaillen fir aktiv Musikanten bei der Musek Gemeng Bauschelt


Bauschelt: Säit Joeren gett de Caeciliendag traditiounsgméiss vun der Musek Gemeng Bauschelt gefeiert. No der Caeciliemass, zelebréiert vum Abbé Marco Wehles, déi deelweis vum lokalen Gesangveräin ënnert der Leedung vum Jang Wio mam Daniel Roemen op der Uergel an och vun der Bauschelter Musek mat hirem Chef Pierre Schyns, musikalisch enkadréiert gouf, ass de President Arny Jakobs uschléissend beim Apéritif op d’Wichtigkeet vun desem Dag agaangen, den och an Zukunft mat Freed an Ausdauer weidergefuert soll gin. Ënnert der Presenz vum Buergermeeschter Jeff Gangler, mat sengem Schäffen Antoine Nanquette, dem Supporterclub an dem Paul Kinnen als Delegéierten vun der UGDA si folgend langjährig a verdéngstvoll Musikanten géiert gin: Médaille en bronze (zeng Joer) fir d’Anne Schmit. Médaille de mérite en argent (20 Joer) fir Samantha Albers an Anne- Marie Albers. Eng Médaille de mérite en vermeil avec palmette ass dem Nadine Schmit fir 40 Joer aktiv Musikantin ugespéngelt gin. Beim Schlusswuert an no sénge Gléckwënsch huet de Paul Kinnen alle Musikante mat hirem Virstand, wiederhin vill Erfolleg, Zesummenhaalen an Weidermaache mat op de Wee ginn. (CR) (FOTO: Charles Reiser)