Am Atelier ART-I-CHAUD zu Bech-Maacher stellt dëse Weekend de John Schmit séng rezentste Wierker aus, an der Sérigraphie an Acrylmolerei.
Haut um Samsdeg Moien wor de Vernissage vun der Ausstellung, wou vill interesséiert Konschtfrënn sech afonnt haten.
Den John Schmit, geléierte Dréckermeeschter, Typograf a Medienoperator, huet séng artistesch Oder permanent weidergebilt an ausgebaut.Esou huet hien och schon e beachtleche Palmares, un Ausstellungen a Präisser.
Besonnesche ervirgehuewen huet d'Hausherrin vum ART-I-CHAUD Rita Blaeser säi Resultat bei der "Internationaler Kunstausstellung Künstler der Region" zu Losheim am See (D), wou de John Schmit, wéi schons 2010, och dësst Joër nees mam 3. Präis an der Kategorie "Mischtechnik" ausgezeechent ginn ass.
De musikaleschen Encadrement huet de Saxophon Quartett vun der Welleschter Musek garantéiert, den Éierpatt huet d'Gemeng Welleschten spendéiert a fir de Maufel sinn Famill a Frënn zoustänneg gewiescht.
D'Ausstellung ass nach haut um Samsdeg op bis 19:00 Auer, an e Sonndeg 2. Oktober, vun 10 bis 12:00 Auer a vun 14:00 bis 17:00 Auer.
Méi Informatiounen zum Kënschtler : www.eegen-art.com