Viru kuerzem hat den Alphonse Niederweis säin engste Familljekrees an e puer Frënn agelueden, fir säin 90. Gebuertsdag ze feieren.
No enger Danksagungsmass an der Kierch zu Bech gouf am Restaurant Steinmetz am Duerf gefeiert. Den Alphonse Niederweis ass als sechst Kand vun zéng den 2. August 1922 gebuer an huet säi ganzt Liewen am Heemechtshaus zu Bech gewunnt.
Als jonke Borscht gouf hien mam RAD op Peenemünde geschéckt an huet 1942 missen als Zwangsrekrutéierten an den zweeten Weltkrich goen. Hien ass als russesche Krichsgefaangenen zu Tambow gelandt an am Oktober 1945 erëm heemkomm. Den Alphonse Niederweis huet an der Verwaltung vum „Dommages de guerres“ geschafft, duerno an der Forstverwaltung. Hien ass ganz naturverbonnen, war Spezialist am Praffe vun Uebstbeem an hat zënter 1953 en etlech Beiestäck.
Hie war zu Bech Firmpätter, Member vum Kiercherot a President vum Uergelbauveräin. Haut ass den Alphonse Niederweis deen eelste Mann an deen zweeteelste Bierger aus der Gemeng Bech. Seng Famill wënscht him, dass hie bei gudder Gesondheet bleift an nach weider Jaren a sengem Haus an a sengem Ëmfeld verbrénge kann. (TEXT/FOTO: LUSS SCHILTZ)