D‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Bech um Tour

Enn August hunn d'Fraen a Mammen aus der Gemeng Bech hir Memberen invitéiert, fir e flotten Dag um Schëff "Marie-Astrid" ze verbréngen. Bei engem gudden Iessen an engem Miseler Pättchen hunn si sech et op der schéiner Musel gutt goe gelooss. Vu Gréiwemaacher bis op Schengen, duerch all d'Schleisen an erëm zréck, hunn si e flotten Dag verbruecht, vill gelaacht an natierlech och e Musellidd gesongen. Dofir ass et fir si sécher : d'nächst Joer sinn si erëm derbäi, wann et heescht, en Dag um Schëff zesummen ze sinn a villäicht dann an déi aner Richtung ze fueren.