Fraen a Mammen aus der Gemeng Bech : Generalversammlung a Scheckiwwerreechung

Wéi all Joer hunn d'Fraen a Mammen hir Memberen op déi traditionnell Generalversammlung agelueden. D'Presidentin d'Madamm Bohnenberger Marie-Thérèse huet an hirer Begréisssung un all déi Fraen aus hirer Mëtt erënnert déi si verlooss hunn mee och un déi Fraen déi sech dagdächlech an der Welt fir Fridden a Gerechtegkeet asetzen. Si huet och d'Claire Molitor vun "Aide à l'enfance de l'Inde et du Népal" an den Här Hanck vu "Médecins du monde" begréisst. Si hunn an engem ganz intressante Virtrag erkläert wou a wéi hir Organisatioun schafft, wéi si de Mënschen an Nout hëllefen a wat ganz konkret mat de Sue geschitt déi si als Don kréien. Nodeems de Comité déi zwee Schecken iwwerreecht huet, war et der Madamm Nathalie Wohlfart, Scheffen aus der Gemeng Bech, eng Éier de Fraen a Mamme fir hir Generositéit e grousse Merci ze soen an datt si, trotz klenger Memberzuel, net opginn. Mat engem gudde Maufel ass den Owend an enger flotter Ambiance ausgeklongen.