Déi siechzéng Joer al Zwillinge Christopher a Luca WÜNSCH, Schüler aus dem Sportlycée, konnten sech an de leschten zwee Joer, ënnert den beschte jonken Taekwondo-Athleten an Europa etabléieren. Béid sinn de Moment ënner den Top 10 an der Junior -68 kg Kategorie klasséiert: Luca als 3. a den Christopher als 9.! (https://europetaekwondo.org/europen-rankings/)
Datt si um richtege Wee sinn, och an Zukunft zu den beschten europäeschen Taekwondo-Kämpfer ze gehéieren, weisen déi rezent Resultater. 1. an 5. Plaz fir de Luca an der Gewiichtsklass -68 kg, 3. an 2. Plaz fir de Christopher an der Gewiichtsklass -73 kg um “Keumgang Open” zu Lommel an der Belsch (Januar) an op den “Austrian Open G1”, zu Innsbruck an Éisträich (Februar). Sie hunn domat wäertvoll Medaile fir hire Veräin, den TKD Team Beckerich, mat heem bruecht.
Zu de kommende Kompetitioune am Mäerz gehéieren de “Bulgarian Open G2” zu Sofia, den “Dutch Open G2” zu Eindhoven an de “Belgian Open G1” zu Lommel, wou iwwer 1.000 Kämpfer aus der ganzer Welt, aus verschiddenen Alters- a Gewiichts Kategorien, untrieden.
Deen nächsten richteg groussen Rendez-vous, fir dës talentéiert Taekwondo-Kämpfer déi do Lëtzebuerg vertrieden wäerten, sinn awer am Abrëll d' “Junioren-Weltmeeschterschaften” an Usbekistan.