Accident zu Beefort

Um Sonndegowend koumt et zu Beefort an der rue Haller zu engem Accident bei dem
1 Persoun blesséiert gouf.
D'Automobilistin ass an enger Lénkskéier op glater Strooss un d'Schleidere komm. Si krut mat hirem Gefier e Bamstamm ze paken, wouropshi se se sech iwwerschloen huet.
D'Fra gouf an hirem Auto ageklemmt, konnt awer vun aneren Automobilisten aus dem Auto befreit ginn. Eng Ambulanz huet se an d'Spidol op Ettelbréck bruecht.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Beefort, de Sauvetage an d'Ambulanz aus der Fiels an de Samu Ettelbréck.