Après-Ski-Open-Air Party mat Ski-Piste!

Pompjëeen Gemeng Beefort organiséiren kommenden Samsdeg, den 11 Februar 2012 déi 5 Editioun vun hirer Open-Air-Après-Ski Party. Nom groussen Succès vun deenen leschten Joeren hun Organisateuren dest Joer den beschtbekannten lëtzeburger Entertainer op Beefort kritt, den „ Partylöwe Dieter D. mat den DJ’s Die Hüttenrocker“.

Party as wéi die lescht Joeren och am Duerfzentrum um Kiosk. Wéi en op den Fotoen gesäit hun Préparatiounsarbechten un der Piste schon ugefaang. Den Schnéi gett vun der Beeforter Eispist roftransportéiert fir do eng 30 Meter laang Piste ze präparéiren. Ufank as mëttes em 5 Auer, wou Kleng an Grouss sech kennen mat hiren Schlitten / Skier op der Piste austoben. Daat ganzt geht dann bis 3:00 Auer moies. Gehetzten Zelter an och verschidden Feierplaatzen sin iwert de Site verdeelt, den Entrée as fräi an fir Iessen an Drënken as beschtens gesuergt.