Caecilienfeier vun der Chorale Ste Cécile Beefort am Sang Mat Waldbëlleg-/Haler.


📷📷📷📷Den 21. November 2021 goufen am Kader vun der Caecilienmass zu Beefort 13 Sänger(innen) fir hier laangjäreg Verdéngschter geéiert. Den Här Paschtouer Carlo Morbach huet déi passend Wierder un déi Geéiert geriecht an hinnen e grousse Merci ausgedréckt fir hieren onermiddlechen Asaaz am Dengscht vun der Kierch. D’Medailen kruten iwwerreecht:

An der Chorale Ste Cécile Beefort

Diana Antony-De Fouw an Willy Schneider fir 20 Joer

Guy Hanff an Jean Vossen fir 30 Joer

Eliane Donven-Seywert, Hilda Schilling-Wewer, Alix Steines-Braun an Nicole Thielen-Seiwert fir 40 Joer

Am Sang Mat Waldbёlleg/Haler

Danielle Baden-Lobitz, Martine De Nutte-Hansen an Henry Wickens fir 30 Joer

📷Marie Anne Weydert an Aloyse Weyler ’fir 50 Joer, d‘Plaquette en or

No der Mass hunn d’Memberen vun de Gesangveräiner sech am Restaurant Cigalon am Mёllerdall afonnt. Hei gouf awer och un d’Syvie Leyder an d’Lony Michels-Tholl geduecht déi am Laf vun de Joeren 2020 an 2021 leider vill ze fréih verstuerwen sinn.

Bei engem gudden Mёttegiessen sinn vill flott Erёnnerungen opgefrёscht ginn an bei gudder Ambiance ass den Nomёtten ausgeklongen.