Am Kader vun den 80 Joer FCO Feierlechkeeten huet den 20. Juni 2026 eng Journée des Anciens zu Krëschtnech stattfonnt. Um Programm stoung den Éierewäin an der neier Buvette, een Mëttegiessen am Restaurant um Golf an een „Ausklang“ an der neier Buvette.
Ronn 100 Legenden hun an enger super Ambiance zum Succès vun dësem Event bäigedroen. Ee groussen Merci un all bedeelegten Acteur.
Weider um Program vun den Feierlechkeeten steet e Galamatch Sonndes,den 26 Juli um 17.00 Auer um Terrain zu Berdorf, wou Victoria Rosport géint den FC Marisca Miersch untrëtt.
Duerno sin den 4. an 6. August jeweils vun 19.15 auer un , d‘Ausscheedungen vun der Coupe 80 Joer FCO mat den Veräiner : Fc Ruspensia Larochette, Blo Wäiss Miedernach, FC 47 Bastenduerf, US Berdorf-Consdorf, Jeunesse Biwer an den FCO, um Terrain zu Krëschtnech.
D‘Finalen sin Samsdes den 8. August vun 15.00 auer un.