Nationale Gedenkdag

Beefort huet sech un déi schwéier Zäite wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945 erënnert. Dësen nationale Gedenkdag stoung ganz am Zeeche vum dräifachen 80. Anniversaire. Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon d’Zwangsrekrutéierung fir d’Joergäng 1920 bis 1924 agefouert. Den Dag drop huet Lëtzebuerg mat engem Generalstreik reagéiert, dee brutal néiergeschloe gouf. 21 Leit goufen zum Dout verurteelt. Des Weidere gouf op der Wannseekonferenz den 20. Januar 1942 dee schonns ugefaangenen Holocaust am Detail ze organiséieren a koordinéieren.


An enger vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gehalener Mass gouf net nëmmen op dat donkelt Kapitel vun der Mënschheet virun aacht Joerzéngten erënnert mee och festgestallt, datt d’Mënschen aus der Geschicht näischt geléiert hunn. Déi haiteg Situatioun an der Ukrain ass dat beschte Beispill dofir. No der Mass gouf eng Gerbe beim “Monument aux Morts” néiergeluecht.


Encadréiert gouf d’Gedenkfeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler encadréiert, déi ënner anerem d’“Heemecht” virgedroen hunn.